Corinne Kox (Luxembourg)

Corinne Kox
Mäi Numm as Corinne Kox. Ech sin eng PhD-Studentin am EMBL zu Heidelberg. Ech si vu Lëtzebuerg, aus dem klenge Wënzerstiedchen, Réimech.

Ech schaffen säit Januar 2007 am Labo vum Matthias Hentze/Andreas Kulozik/Martina Muckenthaler an der 'Molecular Medecine Partnership Unit' (Molekular Medizinesch Partner-Unitéit) oder MMPU. Wéi de Numm vun eiser Unitéit et scho seet, geet et bei eis ëm d'Recherche vu Krankheeten.

Read my profile in English

Wéi ech an d'Recherche komm sin, as eng kuerz Geschicht. Vu dass bei eis zu Lëtzebuerg net ganz vill biologesch Laboe get, sin ech réischt mat der Forschung a Kontakt komm, wéi ech op d'Uni a Frankräich gaang sin. Wat et interessant mëcht, as dass ech al Dag e Grond hun, schaffen ze goën: et get ëmmer eppes Neies ze erforschen.

Mäi Projet geet ëm d'Leukämie, oder Bluttkriibs. Et gët verschidden Type vu Blutkriibs. Ech schaffen un engem Typ dee ganz oft bei Kanner virkënnt. Mee firwat sech dese Kriibs entwéckelt, as net ganz kloër. An dat as de Grond firwat ech all Moies fir dei nächst 3 Joer an de Labo gin: ech probéiren erauszefannen wat ee Grond fir d'Entwécklung vun deem Typ Leukämie kéint sin.

Nierft der Schaff, get et awer och nach aneres, wéi zum Beispill Basket spillen mat Frënn vum EMBL an Heidelberg. Wann ech mol op Réimech Moien soë gin, da schaffen ech mol gär am Gaart.

School:
Lycée Robert Schuman Luxembourg